(On)bekannt

De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

(On)bekannt

Latest episodes

Christophe Prosperi

Christophe Prosperi

46m 5s

D'Jill begéint de Christophe Prosperi op der Terrass vum Vis-à-vis an der Stad. Déi éischt Emojis loossen hatt nach un e "Finance Bro" denken, mee séier gëtt kloer, datt hannert de Messeren an de Kach-Emojis eng Geschicht vu Leidenschaft, Ausdauer an Entrepreneursgeescht stécht.

Hien erzielt vu sengem Wee an d'Gastronomie, vu senger Kandheet an der Kichen, vu sengem eegene Restaurant am Mëllerdall an dovun, wéi hien sech den Dram vun der Selbstännegkeet erfëllt huet. Dobäi geet et ëm déi haart an ëm déi schéi Säite vum Beruff, d'Verännerungen an der Gastronomie, de Culinary World Cup, sozial Medien an d'Aarbecht hannert...

Khalid Oke

Khalid Oke

48m 34s

Nodeems d'Jill fir d'éischt mol um Fändel scheitert, trëfft hatt de Khalid, besser bekannt als Oke, am Konrad zu Bouneweg. Ganz onbekannt ass hien him awer net: Déi zwee kennen sech schonn duerch Musek, Podcasts an Instagram.

De Khalid schwätzt iwwer säi Wee als Museker, säi Liewen tëscht Lëtzebuerg an Nigeria an d'Gefill, zwou Heemechten ze hunn. Dobäi geet et ëm grouss Bünen, perséinlech Wendepunkten, Famill, Rassismus, Therapie a seng Relatioun zur Musek. Fir hien ass Musek nämlech vill méi ewéi nëmmen Entertainment: Si ass eng Manéier, Geschichten ze erzielen, Kulturen ze verbannen an Themen unzeschwätzen, déi him wichteg sinn....

digiloom

digiloom

54m 57s

Des Episod ass a Kollaboratioun mat digiloom entstaan.

Fir dës Episod ënnerbrécht d'Jill eng Pingpong-Party – an trëfft dobäi net just op eng Persoun, mee op e ganze Grupp, deen sech hannert enger Wollek verstoppt.

Hannert dësem mysteriéise Symbol stécht nämlech digiloom : E frësch gegrënnte Centre de ressources, deen sech mat digitaler Bildung a Mediekompetenz beschäftegt, an dobäi virun allem déi ënnerstëtzt, déi mat Kanner a Jugendlecher schaffen.

Tëscht virkonfiguréierten Digiboxen, Gaming am pädagogesche Kontext an der Fro, wéi een eigentlech "richteg" mat Medien ëmgeet, entwéckelt sech e Gespréich iwwer d'Roll vun Educateur*ricen als Multiplicateuren, iwwer Experimentéieren amplaz Virgaben,...

Alexandre Ecker

Alexandre Ecker

43m 29s

Nodeems d'Jill fir d'éischt mol bal sur place en Accident gehat hätt, trëfft hatt den Alexandre Ecker – an ass begeeschtert, wéi hatt gewuer gëtt, dass hie vun Ufank u bei der Konzeptioun vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) eng Hand mat ugepaakt huet.

Als studéierte Lexikograph stoung hien deemools mat enger Rëtsch anere Leit virun der Fro: Wéi schreift een en Dictionnaire fir eng jonk Sprooch, déi laang keng kloer definéiert Orthografie hat, an am Verglach zu beispillsweis Englesch guer net mol esou vill Ressourcen huet? Doriwwer eraus schwätzt hie mam Jill iwwer Sproochwandel, Jugendsprooch a Liblingswierder – an doriwwer,...