(On)bekannt

De Podcast, an deem d'Jill ouni Informatiounen an ouni Preparatioun op Mënschen trëfft. Béierdeckele bréngen d'Gespréich lues a lues an eng aner Richtung. Den éischte Béierdeckel beschreift den Invité unhand vun Emojis.

(On)bekannt

Latest episodes

Alexandre Ecker

Alexandre Ecker

43m 29s

Nodeems d'Jill fir d'éischt mol bal sur place en Accident gehat hätt, trëfft hatt den Alexandre Ecker – an ass begeeschtert, wéi hatt gewuer gëtt, dass hie vun Ufank u bei der Konzeptioun vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) eng Hand mat ugepaakt huet.

Als studéierte Lexikograph stoung hien deemools mat enger Rëtsch anere Leit virun der Fro: Wéi schreift een en Dictionnaire fir eng jonk Sprooch, déi laang keng kloer definéiert Orthografie hat, an am Verglach zu beispillsweis Englesch guer net mol esou vill Ressourcen huet? Doriwwer eraus schwätzt hie mam Jill iwwer Sproochwandel, Jugendsprooch a Liblingswierder – an doriwwer,...

David Goldrake

David Goldrake

45m 43s

Endlech, no Jore vun der Anticipatioun, ass et sou wäit: D'Jill Lallemang kënnt mam David Goldrake an d'Gespréich.

Seng éischt Zauberschow hat hien als Schüler am Lycée Robert Schuman um Chrëschtmaart. Säi Kolleeg huet deemools säin Talent erkannt an hien an d'Direktioun geschleeft. Eng ganz Aula huet hie gefëllt – an dat war den Ufank vun enger Karriär, déi hie bis op Las Vegas brénge sollt. Haut mécht hien tëscht véier bis aacht Showe fir am Schnëtt 11.000 Leit pro Sall an der Woch a schléift, wann et héich kennt, dräi bis fënnef Stonnen den Dag – awer dat ganz...

Luc Spada

Luc Spada

45m 46s

Des Episod trefft d'Jill op de Luc Spada, de net nëmme Schrëftsteller an de Fiasko Fest-Moderator op Radio 100,7 ass, mee seguer bal well e Member vun de Beatsteaks ass – ëmmerhi ginn seng Lidder jo vun hirem sechste Perkussionist gemastered.

Insgesamt ass de Luc Spada net bekannt dofir, näischt ze maachen oder iwwerhaapt ze raschten – mee dofir awer bal ëmmer bëssi sou ze maachen, wéi et him grad an de Krom passt a wat sech fir hien authentesch ufillt. Mënschlech, frech a mat vill Selbstironie ënnerhalen déi zwee sech iwwert di mi schwéier ze romantiséierent Facettë vum Schreiwen,...

Anne Wies

Anne Wies

34m 11s

An dëser Episod trëfft d'Jill am Holy Ghost Garden op d'Anne Wies vum Atelier Monell. Als Kanner sinn se zesummen op der Diddelenger Kiermes Knuppauto gefuer, haut gesinn se sech am alen Tattoo-Studio tëscht Planzen op e Käffche rem… an hunn sech méi, wéi genuch, ze zielen.

D'Anne ass fräischaffend Architektin, Goldschmattesch, a rakéitesch "campeuse bronzée" mat engem VW T4, déi d'Welt gesi well. Ugefaangen huet de Wee vum soziale Wunnengsbau an d'Handwierk mat geierften Ouerrénk vun der Boma, déi ursprénglech null säi Stil waren. Hatt ass du bei e Goldschmatte gaangen, fir se nei ze designen – an do...